Iwwerdeems bekloen sech vill Wënzer ëm déi exzessiv Kontrolle vun der ITM, déi dacks genee da kontrolléieren, wann am meeschten Aarbecht ass. An engem Zeitungsartikel vum 6. Februar geet esou guer Rieds vun engem Fall, wou 15 Persoune vun der ITM ganz Wäibierger ofgerigelt hunn, fir Kontrollen ze maachen, esou datt den normalen Aarbechtsoflaf iwwerhaapt net méi méiglech ass. Wéini léisst d’Regierung eis Wënzer nees normal schaffen?