éierlech, sozial, lëtzebuergesch

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Léif Wielerinnen a Wieler,

Den nächste Sonndeg, den 20. Oktober, entscheet Dir iwwert d’Zukunft vun eisem Land. Mat Ärer Stëmm decidéiert Dir, wat fir eng Politik an den nächste Jore gemaach gëtt, an och wien se mécht. Dir musst driwwer entscheeden, wat fir eng Iddien a Visiounen – vun a fir Lëtzebuerg – sech am meeschte mat Äre Virstellungen decken.

Lëtzebuerg ass an enger Situatioun, wéi mir se nach ni virdru kannt hunn. Vill Leit maachen sech Suergen ëm d’Zukunft vun eisem Land a vun eise Kanner:

  • De Staatsdefizit an d’Scholde gi vu Joer zu Joer méi grouss.
  • De Chômage brécht ëmmer nees nei Rekorder.
  • Iwwert 30 000 Lëtzebuerger si schonns zu Grenzgänger ginn, well se sech heiheem keng Wunneng méi konnte leeschten.
  • Eise Schoulsystem ass esou nom Prinzip vum „nivellement vers le bas“ reforméiert ginn, datt vill vun eise Kanner keng Plaz méi um Aarbechtsmarché fannen.
  • Zënter Jore gëtt un engem falsche Verkéierskonzept gebastelt an d’Staue gi vun Dag zu Dag méi grouss.
  • D‘Simplification administrative ass zwar zur Chefsaach erkläert ginn, bleift awer eng eidel Floskel. D’Prozedure ginn ëmmer méi komplizéiert a méi laang.
  • Dausende vu Leit komme bei eis an d’Land wunnen, a mir hunn nach ëmmer keng Immigratiounspolitik, déi dëst Wuert verdéngt.
  • Eis national Souveränitéit gëtt vun der Regierung um internationale Plang bradéiert.

Jo, Dir entscheet e Sonndeg, wie méi a wie manner politesch Responsabilitéit soll iwwerhuelen.

Déi aktuell Regierungsparteien CSV an LSAP, déi eis dës ganz Situatioun agebrockt hunn? DP oder déi Gréng, déi bedéngungslos just drop waarden, datt d’CSV se soll mat an d’Regierung huelen? Oder eng vun den neie Parteien, déi weder e Programm nach eng funktionell Struktur hunn?

  • D’ADR ass éierlech an huet ëmmer dat gesot, wat huet misse gesot ginn, och dann, wann et onbequem war.
  • D’ADR ass sozial, well hir Politik ëmmer op der sozialer Gerechtegkeet baséiert.
  • D’ADR ass lëtzebuergesch, well mir eis ëmmer fir eist Land, seng Sprooch, seng Kultur, seng Identitéit a seng Souveränitéit agesat hunn.

D’ADR mat hiren iwwert 2100 Memberen ass eng gutt strukturéiert a geschlosse Partei, mat engem gudde Walprogramm fir Lëtzebuerg. Mat kompetente Kandidatinnen a Kandidate sti mir bereet, mat Iech zesumme fir eng besser a méi sécher Zukunft fir eis Kanner a fir déi nächst Generatiounen ze schaffen.

Wann dat och Äert Zil ass, da kommt mir ginn dëse Wee zesummen, andeems Dir de Sonndeg Är Stëmm der ADR gitt. Zesumme packe mir de Wiessel.

Deel dëse Post: