Ëffentlechen Transport op de Findel?

Obwuel en dës Joer op eng Rekordzuel vu 5 Millioune Passagéier duersteiert, ass de Findel nëmme begrenzt mam ëffentlechen Transport ze erreechen. Aktuell gëtt en iwwerhaapt just vun dräi Buslinne vun der Stad Lëtzebuerg ugesteiert, déi awer och kengerlee Méiglechkeet virgesinn, d’Gepäck wärend der Faart sécher ze verstauen. Am Ausland gi fir den Transport op de Fluchhafen an der Reegel separat Linnen ugebueden. Firwat beméit sech eng Regierung, déi sou staark den ëffentlechen Transport propagéiert, net ëm méi eng kamoud an effikass Verbindung op de Findel?

Deel dëse Post: