Eenegkeet mat der Jeeërfederatioun

Et war eng gutt Entrevue tëscht der ADR an der Jeeërfederatioun: D’ADR huet vill Versteesdemech fir d’Uleiesse vun de Jeeër gewisen a bedauert, datt duerch déi ideologesch Gambia-Approche d’Jeeër onnéideg Steng an de Wee geluecht kréien. D’Jeeër leeschten e wichtege Beitrag fir den Ëmweltschutz a suergen och fir gesonnt Bëscher zu Lëtzebuerg. Et ass an deem Sënn ze bedaueren, datt si net ëmmer déi néideg Unerkennung entgéintbruecht kréien.

D’Lëtzebuerger Jeeërfederatioun war vertrueden duerch d’Vizepresidenten Jo Studer a Marc Reiter an duerch de Gerry Stoll, Member vum “Comité directeur.”

Deel dëse Post: