Eeler Leit a Quarantaine

Am Luxemburger Wort vum 26. Januar 2022 stoung ee Lieserbréif mam Titel „Stop der Menschenquälerei!“. An deem Bréif bericht ee Mann vu senger 100-järeger Schwéiermamm, déi am Altersheem, am Kader vun enger Corona-Testaktioun, positiv geadr gouf an doduerch, wéi vum Familljen- a vum Gesondheetsministère ugeuerdent, a Quarantaine koum. Si huet säitdeem 24 Stonnen op 24 eleng an hirem Zëmmer misse verbréngen. D’Fra ass geboostert an huet keng Symptomer. Am Lieserbréif heescht et: „Als Familie haben wir nur die Möglichkeit, über Telefon und Videoanrufe mit ihr zu kommunizieren, und dabei stellen wir fest, dass diese Situation sie enorm belastet und ihr Allgemeinzustand sich maßgeblich verschlechtert hat. Wir machen uns sehr große Sorgen um sie.“

Kéint ee sech hei net eng méi human a flexibel Reaktioun vun der Regierung virstellen an et beispillsweis der Famill erlaben, bei Anhale vun den „gestes barrière“, déi al Fra ze besichen?

Deel dëse Post: