E wierklech neien Ufank!

D’Debatten an der Chamber hunn eng Kéier méi d’Arroganz vum CSV-Staat opgewisen. Trotz deene ville schwéire Feeler an Ënnerloossungen wollt de Premier Juncker keng politesch Konsequenzen zéien an huet misse vun der Chamber zum Récktrëtt gezwonge ginn.

Fir d’ADR ass dat en historesche Virgank deen op e politesche Paradigmewiessel hoffe léisst. D’Geheimdéngscht-Affär ass symptomatesch fir de ganze politesche Spektrum, wou vill existenziell Problemer nët ugepaakt, mee mat Hëllef vun enger onverantwortlecher Scholdepolitik ausgesiess ginn.

Déi virgezunne Wahle sinn duerfir déi beschte Léisung, fir aus der festgefuerener Situatioun erauszekommen. Si bidden d’Chance, der aler Klüngelwirtschaft en Enn ze setzen, an e laang iwerfällegen, wiirklechen Neiufank anzeleeden.

D’ADR begréisst et duerfir, datt elo mat Neiwahlen e Strëch wäert gezu ginn, an hofft, datt duerno eng nei Regierung nët méi de Kapp an de Buedem stëcht, mee mat Déterminatioun a Wäitsiicht déi grouss Zukunftsproblemer vum Land ugeet, wéi Scholdekriis, Chomage, Enseignement, Wunnéngsbau, Ofbau vun der Bürokratie, Rechtsstaatlechkeet asw. D’ADR ass och déi eenzeg Partei, déi sech voll a ganz fir d’Erhale vun der Lëtzebuerger Identitéit asetz, dëst och iwwert méi grouss Efforten an der Integratioun vun onsen auslänneschen Awunner an dem Stäerken vun der Lëtzebuerger Sprooch.

D’ADR ass jiddefalls nët d’accord, datt esou weidergewurschtelt gëtt, a wäert an der Wahlcampagne hir Iddien fir eng nei, méi éierlech a gerecht Politik fir Lëtzebuerg présentéiren!

Pressematdeelung vum 12. Juli 2013

Deel dëse Post: