Am Regierungsprogramm 2023-28 gouf e Regëster fir d’Titres vun der Formation professionnelle ugekënnegt. Dozou hunn de Fred Keup an den Tom Weidig e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
An engem rezenten Urteel vun der Cour Administrative huet de Staat och an zweeter Instanz Onrecht kritt an dem Héichschoulministère seng Decisioun, fir d’Inscriptioun vum Titre vum Expert Comptabel an de Regëster vun den Titren, wéi en am Artikel 68 vum ëmgeännerte Gesetz vum 28. Oktober 2016 iwwert d’Unerkennung vu professionelle Qualifikatioune virgesinn ass, ze refuséieren, ass annuléiert ginn. Affekote vum Staat hunn zouginn, datt et kee Regëster fir Titres de Formation professionnelle gëtt an esou ee Regëster réischt am Kader vum Regierungsprogramm 2023-2028 geplangt ass.
De Sträitpunkt an dësem (an an anere Fäll) war, datt de Staat behaapt, datt esou een Diplom oder Titre net am Kader vum Enseignement supérieur vum betreffende Land (an dësem Fall war dat d’Schwäiz) ausgestallt gi wier.
Et schéngt eng ganz Rëtsch vun esou Refusen ze ginn, déi natierlech grave Konsequenze bei der Astellung beim Staat, bei Gemengen oder bei aneren ëffentlechen Institutiounen no sech zéien.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Regierung:
- Wat sinn der Regierung hir Pläng, fir dee beschriwwene Mëssel ofzeschafen, wëssend, datt dëst fir Studente bei hirer Decisioun, a wéi eng Richtung si studéiere sollen, vu grousser Bedeitung ass?
- Et schéngt, datt bei de Studentebourssen déi selwecht Approche gewielt gëtt. Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt dëst eng Diskriminatioun vun der Formation professionnelle géintiwwer reng akadeemesche Studiegäng ass?
Äntwert:
Am Virfeld ass ze ënnersträichen, datt dat erwääntent Urteel vun der Cour administrative eng Entscheedung an engem Dossier individuel betrëfft. Aus dësem Grond ass et am Kader vun der Beäntwertung vun dëser parlamentarescher Fro net méiglech, op déi individuell Detailer vum
betraffenen Dossier anzegoen. Déi folgend Ausféierungen hunn dofir en allgemeng gehalene
Charakter. Fir kënnen an de Registre des titres, Sektioun vum Enseignement supérieur, agedroen an deemno zu Lëtzebuerg akademesch unerkannt ze ginn, muss een auslännesche Studientitel ee ganze Studiecycle ofschléissen an den Héichschoulgesetzer a -Reglementer vun deem Land entspriechen, an deem den Diplom ausgestallt gouf. Dës Krittäre si bewosst objektiv a formeller Natur, an duerch de Fokus op der Struktur vum Bildungssystem an de jeweileg concernéierte Länner ass all länneriwwergräifend Generaliséierung, wat Unerkennungspraxissen ubelaangt, onméiglech.
1)
Am Kader vun der Unerkennung vun auslännesche Qualifikatiounen si Kloerheet an Transparenz fir zukünfteg Studentinnen a Studente natierlech vu gréisster Wichtegkeet. An dëser Optik kommunizéiert de Ministère fir Fuerschung an Héichschoul ausféierlech op der eegener Websäit www.mengstudien.lu fir eng ganz Rei Länner doriwwer, wéi eng Diplomer eligibel fir déi staatlech Studiebäihëllefe sinn a fir nom Studium kënnen zu Lëtzebuerg an de Registre des titres agedroe ze ginn. Och déi alljärlech Studentefoire ass esou opgebaut, dass nëmmen Héichschoulen, déi och unerkennbar Formatiounen ubidden, present sinn. Doriwwer eraus steet schonn zanter Joren ee ganze Service vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul bereet, fir den zukünftege Studentinnen a Studente bei der Studiewal berodend bäizestoen. Well d’Urteel vun der Cour administrative keen Impakt op Qualifikatiounen aus anere Länner an och nëmme marginal op Ofschlëss aus der Schwäiz huet, war an ass an der Praxis keng Upassung vun den Informatiounen néideg, déi u studieninteresséiert Persounen erausgi ginn. Mat Bléck op d’Zukunft wäert awer, am Sënn vun der Transparenz an der Rechtssécherheet, déi gesetzlech Definitioun vun „Enseignement supérieur” am Kader vu geplangte Gesetzesännerunge preziséiert ginn. Gläichzäiteg gëtt, wéi dat am Regierungsprogramm virgesinn ass, un engem nationale Kader fir den Ausbildungswee vun der Formation professionnelle supérieure geschafft. Dësen Ausbildungswee wäert dann hei am Land, genee wéi dat a villen anere Länner schonn de Fall ass, um tertiären Niveau, nieft den akademeschen Héichschoulprogrammer, d’Formatiounsoffer ergänzen. D’Schafe vun esou engem Kader bréngt mat sech, dass dee Moment och, innerhalb vun enger neier Sektioun vum Registre des titres, déi formell Unerkennung vun auslänneschen Diplomer, déi eng Formation professionnelle supérieure sanctionéieren an déi am Studieland entspriechend staatlech unerkannt sinn, erméiglecht gëtt.
2)
Nëmmen déi Ofschlëss, déi eligibel ware fir eng staatlech Studiebäihëllef, sollen och nom Studium kënnen unerkannt ginn. Dëst bedeit Kloerheet fir d’Studentinnen a Studenten, an deemno goufen d’Krittäre vun de Studentebourssen a vun der Aschreiwungsprozedur an de Registre des titres an de leschte Joren openeen ofgestëmmt. Aktuell besteet nach eng Ausnam fir berufflech Formatiounen, déi zu Lëtzebuerg net ugebuede ginn an doduercher eligibel si fir eng Bourse. Dës Derogatioun gëtt vum Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend accordéiert, a vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul ausbezuelt. Déi betraffe Studentinnen a Studente ginn awer per Schreiwes drop higewisen, dass dëst och bedeit, dass keng Aschreiwung an d’Héichschoulsektioun vum Registre des titres méiglech ass. Am Kontext vum geplangte Schafe vun engem Kader fir den Ausbildungswee vun der Formation professionnelle supérieure ass och, amplaz vun der genannter Derogatioun, een eegene System vu finanzielle Bäihëllefe fir entspriechend Formatiounen am Ausland virgesinn, deen op d’Spezifizitéite vun der Formation professionnelle supérieure ofgestëmmt wäert sinn. All déi genannte Mesuren, déi an Zesummenaarbecht mat de concernéierten Acteuren ausgeschafft ginn, droen dozou bäi, déi reng berufflech orientéiert Ausbildungen ze stäerken an ze valoriséieren.