E konfust Gesetz iwwer geheim SREL-Fichen [Video]

Haart ass de Fernand Kartheiser den 13. Juli an der Chamber mat engem Gesetz zu Geriicht gaang, dat de Lëtzebuerger Geheimdéngscht wëll erfuersche loossen. Et geet ëm d’Opschaffe vu Persounefichen, déi während dem Kale Krich iwwer Lëtzebuerger ugeluecht gi sinn. Déi solle vun Historiker elo gekuckt ginn, awer ouni datt dës eng Sécherheetsclearance hätten oder datt hir Missioun definéiert wär. An och d’Leit, iwwer déi Donnééë gesammelt goufen, kënnen net verhënneren, datt hir Fiche vun den Historiker gekuckt gëtt. D’Gesetz ass konfus a virageholl, berücksichtegt net de Kontext vum Kale Krich, violéiert d’Privatsphär an zerstéiert d’Vertrauensverhältnis mat anere Länner, déi vläit mat hire Geheimdéngschter zu de Fiche bäigedroen hunn.

 

Deel dëse Post: