E gutt Gesetz fir de Fongen-Sekteur [Video]

Praktesch als leschten Akt vun der Chambersessioun 2015-2016 gouf de 14. Juli e wichtegt Gesetz fir de Fongen-Sekteur ugeholl, mat de Stëmme vun der ADR. De Roy Reding huet op d’Virdeeler vum Gesetz higewisen, dat Akteuren aus dem professionelle Beräich erlaabt, e Fong opzemaachen, ouni en Agrément vun der Finanzkontroll (CSSF). Am Normalfall kann esou en Agrément laang daueren an d’Finanzplaz géing riskéieren, hire Virdeel vun de kuerze Weeër, also vu séieren Decisiounen, ze verléieren. Et wär awer net esou, datt déi Fongen net géinge kontrolléiert ginn.

Als Kritik huet de Roy Reding just ubruecht, datt kee Notär gebraucht gëtt fir esou e Fong op d’Been ze stellen. Dat wär keng Käschtefro bei engem Gesetz, wou et ëm gréisser Zomme geet, mä eng Fro vun der Kontroll vu Wäisswäscherei a vun Teroristegelder. Et sollt  ee net de “Seing privé”, also d’Ënnerschrëft vun Akten ouni Notär, generaliséieren, well dat manner Kontroll géing bedeiten an och dem Ruf vun der Finanzplaz kéint schueden.

Deel dëse Post: