E grousse Merci fir Äert Vertrauen

D’ADR huet fir d’éischt an hirer Geschicht en zweestellegt Walresultat bei den Europawale gemaach. Et sollt awer ganz knapp net fir e Sëtz duergoen. Mir hunn also um Walowend e liicht Laachen am Gesiicht. All eis Kandidaten hu sech ganz gutt gehalen an de Gast Gibéryen huet mat 43.092 Stëmmen e extraordinairt perséinlecht Resultat gemaach – dat sechstbescht vun dëse Walen nach wäit virum sozialistesche Spëtzekandidat.

D’ADR ass houfreg op hir fantastesch Lëscht, hire gudde Programm, op hire proppere Walkampf an op hir trei Wieler.

Hei sin eis Walresultater:

Gast Gibéryen:                                  43.092 Stëmmen

Fernand Kartheiser:                        19.045 Stëmmen

Fred Keup:                                          18.487 Stëmmen

Tessy Brisbois:                                   16.167 Stëmmen

Nicky Stoffel:                                     14.613 Stëmmen

Sylvie Mischel:                                   14.584 Stëmmen

Deel dëse Post: