E faire Präis fir fair Mëllech

D’ADR huet sech den 30. Juli mat der Kooperativ “Fair Mëllech” getraff, déi eng 50 Mëllechbaueren ënnert sech versammelt, déi héichwäerteg Qualitéit fir de Konsument liwweren. “Fair Mëllech” war sech mat der Reformpartei eens, datt zu Lëtzebuerg d’Leit nach ëmmer bereet sinn, e faire Preis fir frësch an héichwäerteg regional Produiten ze bezuelen. Et leeft awer nach laang net alles ronn an der Mëllechindustrie: Eng deloyal Konkurrenz an absurd Dumpingspräisser fir Mëllechpolver maachen och hei am Land de Baueren ze schafen. Et ass fir d’ADR selbstverständlech, d’Leit ze sensibiliséiere fir regional anzekafen.

D’Kooperativ “Fair Mëllech” war vertrueden duerch de President Mathias Roeder, duerch de Vize-President Guy Diederich an duerch de Komitee-Member Jos Hoeser.

 

Deel dëse Post: