E “brain drain” vu Lëtzebuerg verhënneren

Vill Lëtzebuerger Studenten, déi am Ausland studéieren, kommen no hirem Studium net zréck op Lëtzebuerg. Ass dat net op laang Siicht eng Gefor fir eist Land? De Fernand Kartheiser an de Fred Keup froen d’Regierung:

Fro:

Vill Lëtzebuerger Studenten, déi am Ausland studéieren, kommen no hirem Studium net zréck op Lëtzebuerg. Dëst huet ënnerschiddlech Grënn, an een dovunner ass, datt déi schwiereg Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart si ofschreckt. Effektiv verfüge vill Studenten no hirem Studium net iwwer déi néideg finanziell Moyenen, fir sech eng Wunneng hei am Land ze leeschten. An deem Sënn entwéckelt sech d’Logementskris zu Lëtzebuerg progressiv och zu enger Nowuesskris a ville wichtege Beruffssecteuren. An deem Kontext hu mir folgend Froen un d’Häre Minister:

  • Ass d’Regierung sech dësem Problem bewosst? Fir wéi wichteg hält d’Regierung et, dësem Problem aktiv entgéintzewierken, fir eng ëmmer méi grouss Ofhängegkeet vun den Nopeschlänner ze verhënneren, grad och am Hibléck op eng Mindestversuergung duerch essentiel Servicer a verschiddene soziale Beräicher, wéi z.B. am Gesondheetssecteur?
  • Gëtt dëse Problem bei den demografesche Projektioune mat verschafft, wann et dorëms geet, déi néideg Déngschtleeschtungen an d’Versuergung vun der Bevëlkerung sécherzestellen? Wéi staark sinn d’Auswierkunge vun dësem Phenomen an den ënnerschiddlechen Aarbechtssecteuren?
  • A wéi enger Hisiicht an a wéiwäit hunn dëse Problem an seng Konsequenzen Afloss op d’Migratiounspolitik vun der Regierung? Kann d’Regierung dës Konsequenze konkret a mat Beispiller erklären?
  • Wéi eng Beméiungen ënnerhëlt d’Regierung allgemeng, fir Lëtzebuerger Studenten, déi am Ausland studéieren, dozou ze beweegen, no hirem Studium op Lëtzebuerg zréckzekommen, fir en „brain drain“ op Käschte vum eegene Land ze verhënneren?

Äntwert:

D‘Lëtzebuerger Studenten, déi am Ausland studéieren an no hirem Studium net zréck op Lëtzebuerg
kommen, déi déi honorabel Deputéiert an hirer parlamentarescher Fro thematiséieren, war schonn
de Sujet vun der parlamentarescher Fro Nr. 7139 vum 9. November 2022 vun der Deputéierter Francine
Closener, déi de 7. Dezember 2022 beäntwert gouf. Dofir erlabe mir eis, an dësem Kontext op déi
Äntwert ze verweisen.
Des Weidere sief ugemierkt, dass déi genannten Thematik keen Impakt op d’Lëtzebuerger
Migratiounspolitik huet.

 

 

Deel dëse Post: