D’Zukunft vun de Schwammmeeschteren

Déi Lëtzebuerger Schwammmeeschtere maache sech Gedanken iwwer hir Zukunft. De Fred Keup huet dozou e puer Froen un de Schoul- a Jugendminister.

Fro:

Säit der Schoulreform vun 2009 sinn d’Lëtzebuerger Primärschoulen nemméi dozou verflicht, fir zertifizéiert Schwammmeeschteren anzestellen. Dat huet zu engem Qualitéitsverloscht vum Schwammunterrecht an zu demotivéierte Schwammmeeschtere gefouert. Sou erënnert de President vun der Association luxembourgeoise des Instructeurs de natation (ALIN) an engem Online-Artikel vun « Luxtoday » („In Luxemburg können Kinder nicht mehr schwimmen – wegen der Reform und des Mangels an Fachkräften“) vum 20.4.2025 drun, datt de Ministère schonns 2009 versprach hat, d’Gesetz ze iwwerschaffen, mee säitdeem hätt sech näischt geännert. D’Gemengen hätten no an no keng zertifizéiert Schwammmeeschtere méi agestallt a vill Kanner géifen haut just nach all zwou Wochen eng hallef Stonn schwammen. D’Resultat dovu geséich een am 6. Schouljoer: Ein großer Teil der Schüler verfügt nicht über grundlegende Schwimmkenntnisse und weiß einfach nicht, wie man sich im Wasser hält“.

An engem Artikel vum „Lëtzebuerger Journal“ vum 3. Juni 2025 (“Personal fehlt, Perspektive auch: Schwimmmeister*innen im Ungewissen“) beschreift e Schwammmeeschter dësen „nivellement vers le bas“ follgendermoossen: „Man hat mit Leuten gesprochen, wo man sich sagt: Bei allen guten Absichten, mit allem Respekt gegenüber dieser Person, aber man kann sie nicht einfach so auf Kinder loslassen!“ A weider heescht et: „Bei anderen seien die Luxemburgischkenntnisse stark begrenzt, sie sollen dann aber später ein Kind, das Angst hat, im Stress ist, beruhigen oder erklären, wie es schwimmen soll…“

An deem Kontext erliewe privat Schwammschoulen e Boom. Ëmmer méi Elteren optéiere fir Privatunterrecht (deen net ëmmer bëlleg ass), fir datt hir Kanner iwwerhaapt nach anstänneg schwamme léieren..

Am „Luxtoday“-Artikel heescht et weider: „Die Anforderungen an die Lehrkräfte im Bildungssystem sind jedoch nach wie vor minimal: ein Rettungsschwimmer-Zertifikat ist ausreichend. (…) Die beiden Fachleute fordern, dass der Staat das Meisterschwimmen wieder in das Grundschulsystem einführt. Nur so könne man das Vertrauen und die Sicherheit der Kinder im Wasser gewährleisten. Andernfalls besteht die Gefahr, dass Luxemburg zu einem Land wird, in dem Schwimmen wieder zu einem Luxus wird, den sich nur diejenigen leisten können, die dafür bezahlen können.“

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

Deel dëse Post: