D’Wort huet och e Plang … wéi d’CSV

Et soll Leit ginn, déi nach haut de Plang vun der CSV sichen, deen dës bei de Nationalwalen ugekënnegt hat, mee dee si ni ëffentlech gemaach huet. A spéitstens zënter dem Fränk Engel senge Steiereskapaden wësse mer, datt d’Partei vill méi Pläng huet, wéi just een. All CSVler huet anscheinend säin eegene Plang.

Do kann d’Wort, fréier emol déi trei CSV-Zeitung, net nostoen: Hei huet och geschwënn all Journalist en eegene Plang. D’Dani Schumacher fuerdert de Fränk Engel wéinst dem Steierputsch géint d’Parteilinn op, zeréckzetrieden. Dat am wichtegsten Artikel, dem Leitartikel – eppes wéi e Kompass fir d’Lieser – an zwar de 24. August. Mee, gare la Box, wien deen onséchere Wee matgeet! Et dauert genee 17 Deeg, an de Norde vum Leitartikel ass an de Süde gewandert. D’Annette Welsch schreift am Leitartikel vum 10. September: “Die durch den CSV-Präsidenten Frank Engel ganz richtig angestoßene Diskussion über Erbschafts- und Vermögenssteuern mit der Kernfrage, wer die Rechnung begleicht, die nach der Corona-Pandemie zu bezahlen sein wird, ist ein Beispiel dafür.”  Ma Wort, wann Der am September den CSV-President esou gutt fannt, wéi konnt Der dann am August säi Kapp verlaangen?

 

Deel dëse Post: