Duerch Corona-Virus: Enkpass beim Import vu Medikamenter a wichtege Gidder?

De Corona-Virus leet an Asien ganz Wirtschaftsstrukture lahm. Och an Europa wiisst d’Angscht, datt et zu Enkpäss beim Import vu Medikamenter a weidere wichtege Gidder aus Asie komme kéint. De Nord-Deputéierte Jeff Engelen intresséiert sech an zwou parlamentaresche Froen dofir, wéi eescht d’Situatioun wierklech ass.

“Ech verweisen den honorabelen Deputéierten op meng Äntwert op d’parlamentaresch Fro No 1874.”

“Déi aktuell Kris vum COVID-19 huet queesch duerch d’Wirtschaft e groussen lmpakt. Vun Enkpass vu Gidder aus Asien sinn eenzel Betriber punktuell Betraff, zum Beispill am Fall wou hire Fournisseur aus Asien Faillite gemaach huet. Flächendeckend kann een awer soen dass d’industrie manner betraff ass wéi aner Betriber an aner Secteuren an et nach net zu kriteschen Enkpäss vu Gidder aus Asien fir déi meescht Produktiounsbetriber komm ass.
Wann en industrielle Betrib d’Produktioun muss zréck schrauwen, sief et wéinst engem Enkpass vu Gidder aus Asien oder aus anere Grënn, da kann hien op d’Moossnahme vun der Deelzaitaarbecht (chômage partiel} zeréckgraifen.”

 

Deel dëse Post: