D’Souveränitéit iwwert de Loftraum net opginn!

D’ADR ass entsat, datt den Infrastrukturminister konkret Pläng huet, d’Souveränitéit vum Lëtzebuerger Loftraum un eng auslännesch Firma, wahrscheinlech eng belsch Sociétéit, ze delokaliséieren. Dësen Outsourcing bedéngt, datt eise Fluchhafen, eis Fluchgesellschaften an doriwwer eraus eis Rettungsdéngschter gréisser Risike lafen, ouni datt dës Operatioun en ersiichtleche Virdeel géif bréngen. D’ADR verlaangt dowéinst vum Minister, des Pläng direkt opzeginn, an déi Souveränitéit, déi ons am Loftraum iwwert Lëtzebuerg bleift, ze respektéieren en ze erhalen.

D’ADR ass sech bewosst, mat wéi engen Nodeeler a Risike Lëtzebuerg géif confrontéiert ginn, sollt den Infrastrukturminister seng Pläng weider ëmsetzen, d’Kontroll vum Lëtzebuerger Loftraum bis eng héicht vu 5,5 Kilometer ze delokaliséieren, wahrscheinlech un déi belsch Gesellschaft Belgocontrol. Duerno géif nach just den Trafic, op an direkt no bei der Pist vum Findel, vu Lëtzebuerger Fluchlotsen kontrolléiert ginn.

Esou en Outsourcing hätt direkt Konsequenze fir all Fluchgesellschaften déi de Findel benotzen, wéi ons grouss Gesellschafte Luxair a Cargolux, déi da villes z.B. mat Bréissel misste „verhandelen“. Och, zumindest bei schlecht Siicht, misste Flich vum Helikopter vun der Airrescue oder der Police zu Bréissel ugefrot an autoriséiert ginn. Sollt onse Loftraum da wierklech vun der Belsch aus kontrolléiert ginn, da läit de Findel brooch, wann nees bei onsem Noper gestreikt gëtt, wat jo leider regelméisseg virkënnt. Dës Beispiller eleng weisen, wéi onsënneg d’Pläng vum Minister sinn. Weider geet et ëm déi berufflech Zukunft – déi besteet aus méi wéi enger Pai an engem Statut – vun op d’mannst 20 héichqualifizéierte Beamten, Fluchlotsen a Leit an den technesche Servicer.

D’ADR ass verwonnert, datt et offiziell beim Ministère a senger Verwaltung heescht, „et wier een elo mol am gaangen, den operationellen, legalen a finanzielle Volet ze analyséieren, da géif driwwer nogeduecht ginn, ob ee weider Cooperatioune wéilt agoen“. Dobäi gëtt et schonns en zimlech genaue Planning, deen och schonns amgaang sinn, ëmgesat ginn. De Minister soll dach endlech d’Wouerecht soen.

D’ADR verlaangt, datt d’Pläng fir de Kontroll, deen eis nach iwwert eise Loftraum bleift, ze delegéieren direkt opzeginn. De Minister hätt sécher genuch ze dinn, wann en sech mat positiven Aktiounen asetzt fir de Findel, eis Fluchgesellschaften an déi vill Aarbechtsplazen déi domadder zesummenhänken.

Pressematdeelung vum 4. November 2015
Bild: LACA A.s.b.l. (www.laca.lu)

Deel dëse Post: