“Dry January” – ass d’Regierung nach ganz niichter?

D’Agrëffer an d’Privatautonomie vun erwuessene Bierger huelen och ënnert der CSV-DP Regierung weider exponentiell zou. Nodeems se kuerz virum Joreswiessel bäi hirem Lieblingsfeindbild, dem Tubak, d’Daumeschrauwen alt nach eng Kéier ugezunn hunn, geréit pünktlech zum Joresoptakt den Alkohol ëmmer méi an de Fokus. D’Regierung trëtt offiziell als Partner vun enger ursprénglech privater Campagne op, déi sech “Dry January” (niichtere Januar) nennt. D’Leit sinn opgeruff ee Mount laang guer keen Alkohol ze drénken. Selbstverständlech alles ënnert dem Deckmantel vun der “Fräiwëllegkeet”. Just d’Steiersuen, déi d’Regierung elo fir déi Campagne ausgëtt, hunn d’Bierger an déi betraffe Betriber scho Mol fräiwëlleg gezwonge bezuelt. Gläichzäiteg weist sech och schonn, datt d’Regierung an hir Kooperatiounspartner et och op dësem ideologesche Spillfeld mat der Wourecht net ganz esou eescht huelen. Ouni mat der Wimper ze zucken, gëtt Lëtzebuerg an de Medien als “Héichkonsumland” diffaméiert, andeems frech d’Zuele vum Verkaf mat deene vun deem wat tatsächlech gedronk gëtt, gläichgesat ginn. Ass d’Regierung sou domm oder gëtt se sech nëmme sou? D’ADR-Ostdeputéiert Lexy Schoos konfrontéiert d’Regierung elo genee mat där Fro, genausou wéi mat villen aneren:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister, un d’Madamm Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, souwéi den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

De Gesondheetsministère ënnerstëtzt dës Joer fir d’éischte Kéier offiziell d’Campagne vum sougenannten “Dry January”. Dës Campagne, déi ursprénglech aus Groussbritannien staamt, rifft d’Leit dozou op, mam Start vum neie Joer den éischte Mount komplett op Alkohol ze verzichten. Eng Vertriederin vun der Campagne huet op der Antenn vun RTL dovu geschwat, datt de Gesondheetsministère an deem Kader ënner anerem Lizenze fir eng entspriechend App finanzéiert huet[1]. Zur Begrënnung vun der Campagne huet déi Vertriederin notamment de statistesch extrem héijen Alkoholkonsum hei am Land ugefouert (11 Liter rengen Alkohol pro Awunner/Joer). D’statistesch Verzerrung duerch den Tourismus, d’Grenzgänger an de staarke Verkaf an d’Groussregioun huet si dobäi allerdéngs net erwäänt.

Aus dem Beräich vum HORECA souwéi vun de Produzente kënnt vill Kritik. Si fäerten duerch dës politesch Ënnerstëtzung vun enger privater Campagne, weidere finanziellen Drock an enger wirtschaftlech souwisou ugespaanter Situatioun.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Wéi begrënnt d’Regierung déi Decisioun, fir offiziell als Partner vun enger Campagne opzetrieden, déi sech ëm eng privat Decisioun dréint (Alkoholkonsum)? Wéi gëtt déi Decisioun begrënnt, Abstinenz wärend engem Mount ze ënnerstëtzen nom Motto “alles oder näischt”?
  • Wéi wëll de Ministère domat sécher stellen, datt d’Leit iwwert e verantwortungsvollen Alkoholkonsum informéiert sinn, souwéi déi gesondheetlech Follge vun engem net verantwortungsvollen Alkoholkonsum?
  • Gouf dës Ënnerstëtzung vum “Dry January” am Virfeld interministeriell koordinéiert? Falls jo, vu wéi engen Zuelen oder Prämisse geet d’Regierung aus fir:
    1. d’Unzuel u Leit déi matmaachen;
    2. de Wirtschaftlechen Impakt;
    3. den Impakt op d’ëffentlech Gesondheet?
  • Wéi eng Donnéeë ginn am Kader vum “Dry January” erhuewen an duerch wéi eng Institutioun?
  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéiere mat follgenden Donnéeën:
    1. wéi vill Alkohol zu Lëtzebuerg all Joers verkaf gëtt pro Mount;
    2. wéi vill Alkohol tatsächlech hei zu Lëtzebuerg konsuméiert gëtt pro Mount;
    3. wéi sech déi Zuelen op déi eenzel Kategorië vun alkoholeschem Gedrénks verdeelen (Béier, Wäin, Likör, héichprozentegen Alkohol, asw.)?
  • Kann d’Regierung dobäi, sou wäit wéi déi Donnéeë verfügbar sinn, de soziale Kader vum Konsum (HORECA), ëffentlech Veranstaltungen, private Konsum asw.) preziséieren?
  • Wäert d’Regierung duerfir suergen, datt d’Zuelen zum Verkaf zu Lëtzebuerg an zum tatsächleche Konsum hei zu Lëtzebuerg allgemeng, a besonnesch am Kader vun der Campagne, net matenee vermëscht ginn, och fir en Imageschued fir déi betraffe Secteuren ze vermeiden? Falls jo, verlaangt d’Regierung déi Suergfalt och vun den Initiateure vun der Campagne?
  • Wéi vill kascht d’Partnerschaft vum “Dry January” insgesamt? Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi déi eenzel Kategorien (elektronesch Lizenzen, Publicitéit, Subsiden asw.) regruppéiert?
  • Huet d’Campagne vum “Dry January” Auswierkungen op d’Neijoerschpätt vun ëffentlechen Institutiounen? Gouf et am Virfeld eng Recommandatioun oder Direktiv, fir op entspriechende Veranstaltungen op d’Offer vun Alkohol ze verzichten?
  • Gesäit d’Regierung vir, Produzenten an Ubidder vun alkoholeschem Gedrénks fir eventuell Verloschter, déi duerch déi offiziell Ënnerstëtzung vum “Dry January” entstinn, ze entschiedegen? Falls net, firwat net?
  • Gesäit d’Regierung vir, Produzenten an Ubidder vun entalkoholiséiertem Gedrénks (0% Béier, 0% Wäin,…) finanziell ze ënnerstëtzen, fir z.B. d’Fuerschung an deem Beräich virun ze dreiwen, erhéichte Produktiounskäschten opzefänken, asw.?

[1] https://www.rtl.lu/news/national/aka-bamberger-fachberoderin-fir-suchtpraventioun-vum-cnapa-938126472

 

Deel dëse Post: