D’Recht vum Verbraucher garantéieren

Zu den Ziler fir eng Kreeslafwirtschaft hei zu Lëtzebuerg gehéiert d’Recht vum Verbraucher op eng gënschteg Reparatur vu senge Verbrauchsgüter. Dozou gehéiert och den Zougank zu Ersatzdeeler. Leider sinn déi Ersatzdeeler awer oft ganz deier. D’Verbraucher ginn doduerch ofgehalen, hir Apparater reparéieren ze loosse bzw. selwer ze reparéieren, a kafe schlussendlech een neien Apparat. Eigentlech hat d’Regierung versprach, mat engem reduzéierten TVA-Saz dës Situatioun ze änneren. Firwat ass dat bis elo net geschitt?

Deel dëse Post: