Dräi Helikopteren zevill?

Bei Militärkenner ass nach ëmmer de Lëtzebuerger Projet, dräi NH90-Helikopteren ze kafen, aktuell. Si sollen zesumme mat der belscher Loftwaff agesat ginn, déi schonn aacht därer Maschinnen huet – dovu véier fir Iwwerland a véier fir iwwert dem Mier. Lëtzebuerg ass an der Nato forcéiert, méi Sue fir Militärprojeten auszeginn, wat heindsdo no iwwerflëssegen Ausgaben ausgesäit. Genee dat schéint den Helikopteren ze bléien, well d’Belsch annoncéiert huet, hir véier eegen Iwwerlandmaschinnen ze deklasséieren an net méi esou dacks anzesetzen. An dat nach ier zwou Lëtzebuerger derbäikommen (déi drëtt ass anscheinend eng maritim Versioun).

Deel dëse Post: