D’Petrols-Gestioun zu Lëtzebuerg: Wou si mer drun?

Beim Petrol geet et zu Lëtzebuerg em handfest national Interesse mä och em international Verflichtungen. Fir d’Organisatioun vum Maart fir Pëtrolsprodukter ze leeschten, sollt eigentlech eng national Agence, et musse Rapporten gemaach ginn asw. Well dat alles e bëssi an de Vergeess geroden ze si schéngt, erënnert de Fernand Kartheiser d’Regierung mat enger parlamentarescher Fro un hir Aufgaben.

An enger dach éischter vaguer Äntwert seet de Minister, et wier néideg, nei Petrolslager ze bauen. Et ass virgesinn, eng Zone fir neit Tanklager “am Weste vun der Stad Lëtzebuerg” an zu Käerjeng ze erschléissen. Wat d’Agence, fir de Stockage, déi am Gesetz virgesinn ass, ugeet, do lafen am Moment d’Aarbechten, fir d’Strukturen op d’Been ze setzen.

Deel dëse Post: