Dokumentatioun vun der Regierung hire Pressekonferenzen?

Leit, déi sech nodréiglech iwwert Aussoe vu bestëmmte Ministere wëllen informéieren, mussen erstaunt feststellen, datt déi entspriechend Pressekonferenzen oft guer net méi ëffentlech dokumentéiert sinn. Handelt et sech hei ëm déi sougenannt Transparenz, déi d’Regierung ëmmer rëm versprécht? Wéi gesäit et mat enger allgemenger Mediathéik aus, fir, datt dës Dokumenter vun der Zäitgeschicht fir d’Leit ëffentlech zougänglech bleiwen a wéi ass séchergestallt, datt se no der Vereedegung vun enger neier Regierung uerdnungsgemäss archivéiert ginn?

Deel dëse Post: