[BEÄNTWERT] Briefing concernant l’implication du réseau “Stay Behind” dans l’affaire Bommeleeër

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

An der Press konnt een deslescht liesen, datt am Kader vun der Bommeleeër-Affär de Service de Renseignement (SREL) eng Analys iwwer d’Bommeleeër gemaach hätt an zur Conclusioun komm wier, datt e Reseau vu Stay Behind fir d’Attentater responsabel wier. Den deemolege Justizminister Luc Frieden an den Här Premierminister hätten déi Analys vun dräi SREL-Leit am Januar 2006 presentéiert kritt. Der Press no wier dee Briefing och heemlech enregistréiert ginn.

Dowéinst wéilt ech den Häre Ministeren dës Froe stellen:

1. Wéini sinn den Här Premierminister an den Här Finanzminister vum SREL informéiert ginn iwwert d’Theorie vun enger Implikatioun vu Stay Behind an den Attentater ?

2. Wat hunn se genee gesot kritt ?

3. Huet d’Regierung, notamment opgrond vun enger méiglecher Implikatioun vun der CIA, d’Informatioune bei den amerikaneschen Autoritéiten iwwerpréiwe gelooss?

4. Huet d’Regierung op dem diplomatesche Wee bei der amerikanescher Administratioun, respektiv beim amerikanesche Kongress iwwerpréiwe geloooss, ob Indikatioune bestinn, déi déi Theorie kënne konfirméieren oder infirméieren?

5. Wéi sinn déi legal a statutaresch Dispositiounen, déi fir d’Fonctionnairë gëllen an déi d’Fonctionnairë forcéieren Illegalitéiten, vun deene si géife gewuer ginn, dem Parquet ze mellen?

6. Ënnerleien d’Membere vun der Regierung och deene legalen a statutareschen Dispositiounen?

7. Falls jo, firwat hunn den Här Premierminister an den Här Finanzminister d‘Theorie vum SREL net un de Parquet weiderginn?

8. Wann neen, wéi eng Obligatioune gëllen da fir d‘Membere vun der Regierung, falls si Illegalitéite gewuer ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser
Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean-Claude Juncker, Premier Ministre, Ministre d’Etat

Deel dëse Post: