D’Nationalitéit fir Zaldote mam roude Léiw

De Fernand Kartheiser (ADR) huet den 20. Mee 2015, eng Gesetzespropositioun an der Chamber deponéiert, fir den EU-Bierger déi an der Arméi dénge méi séier a méi einfach kënnen d’lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen.

De Premier hat d’Fro opgeworf, datt Zaldoten déi an der lëtzebuerger Arméi déngen awer d’lëtzebuerger Nationalitéit net hunn jo net däerfe wiele goen.

Richteg ass, datt zanter dem Joer 2003 EU-Bierger, déi mindestens 3 Joer hei am Land gewunnt hunn, sech däerfen als Volontaire op dem Härebierg mëllen. Dës Jongen a Meedercher stinn da gemeinsam mat de Lëtzebuerger am Déngscht vum Land, heiheem an och am Ausland.

Si däerfen d’Nationalitéit no 1 Joer gutt a loyal Servicer an der Arméi ufroen, a kënnen dës Demarchen an der Arméi anstatt op hirer Gemeng maachen. Als Lëtzebuerger däerfen se da wielen goen a gewielt ginn.

Deel dëse Post: