D’Mythe vun der sougenannter Steierreform

Wat huet ee net alles iwwer d’Steierreform musse liesen an héieren: Si wär sozial gerecht, modern, responsabel an ouni weideres ze bezuelen. Abee, ugefaang mam Numm, huet de Roy Reding bei der Debatt an der Chamber all déi Mythe widderluecht. Et ass eng sougenannte Reform, well si a Wierklechkeet net vill Neies bréngt. Si ass sozial net gerecht, well d’Leit mat Mindestloun net méi Sue spueren wéi een, deen iwwer 20.000 € verdéngt. Si ass net responsabel, well si mat Puff bezuelt gëtt. De Staat mécht Schold fir mat der Strenz Kaddoen ze verdeelen. An dat, an engem Moment, wou d’Keess vun der Regierung eidel ass, obwuel d’Wirtschaft gutt leeft.

Dobäi probéiert Gambia de Leit anzerieden, si géingen eppes Groussarteges kréien. A Wierklechkeet huet d’Regierung vun 2014 un massiv d’Steiere gehéicht (TVA-Erhéigung, Krisesteier a Net-Upassung vum Steier-Barême un d’Inflatioun). Si gëtt also haut en Deel vun deene Suen erëm, déi si de Leit ewech geholl huet, wéi si ugetratt ass. Dobäi deet d’TVA-Erhéigung deene Leit, déi wéineg verdéngen, richteg wéi. Well si musse Wuere kafen fir ze liewen grad wéi déi Leit, déi vill verdéngen, an d’TVA schléit grad bei deene Wueren richteg an de Portemonni.

Vergiess goufe bei der Steierupassung och d’Wittleit, déi nodeems si hire Partner verluer hunn, an eng aner Steierklass falen an dacks vill Sue manner am Mount hunn. Trotz Petitioun an Diskussioun an der Chamber, wou all Partei hinne rechtginn hat, kréien d’Wittleit näischt beim Steiergesetz, dat de 14. Dezember gestëmmt ginn ass. Selbstverständlech ouni d’Stëmme vun der ADR.

Deel dëse Post: