d’Missioune a Reglementer vum Beruff: Geriichtsvollzéier

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°1010, huet d’Madamm Justizminister zefriddestellend geäntwert, trotzdeem stellen sech awer och nach eng Rei Froen.

 

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

 

  • Zu der Äntwert op déi 3. Fro: ,, D’Entschiedegung ass net vum Gesetz festgeluecht. Si gëtt vum jeeweilegen Huissier festgeluecht a läit an der Moyenne bei 13,75 Euro. ‘’
    Op wat engem Règlement ass des Entschiedegung baséiert?

 

  • Zu der Äntwert op déi 4. Fro: ,, Et ass net d‘Aufgab vun den Zeien, Fotoen oder Videoen op privatem Terrain oder an der Wunneng ze maachen. ‘’
    An esou engem Fall, ass datt zoulässeg datt Zeie Fotoen oder Videoen op privatem Terrain oder an enger Wunneng kënne maachen?

 

  • Zu der Äntwert op déi 5. Fro: ,, Et gëtt keng spezifesch Reegelung, déi den Ëmfang vun de Schied begrenzt. Hei applizéieren sech gegeebenenfalls déi generell Reegele vun der Responsabilité civile. ‘’
    Ëm wat fir eng Reegel vun der Responsabilité Civile geet et hei ?  Wéi gëtt den Ëmfang vun de Schied geschätzt a chiffréiert?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: