D’Medezinsstudenten hunn hir Doleance virbruecht

Fir d’AELM (Association Luxembourgeoise des étudiants en médecine) steet d’Wuel vum Patient kloer am Mëttelpunkt. Et ass an deem Kontext wichteg, datt Lëtzebuerg, och wat d’Ausbildung vun de Medezinsstudenten ugeet, kontinuéierlech seng Offer ausbaut. D’ALEM betount dann awer och, datt d’Kooperatioun mat auslännesche Klinicken och weiderhin wichteg ass. D’Nomenklatur vun de medezinesche Leeschtungen misst dann och onbedéngt iwwerschafft ginn, well dës net méi zäitgeméiss ass. D’ADR huet sech oppe gewisen, fir d’Doleancen vun der ALEM politesch ze vertrieden.

D’ALEM war vertrueden duerch hir Presidenten Julie Zangarini an duerch hire Vize-President Frédéric Schwarz.

Deel dëse Post: