D’medezinesch Befruchtung juristesch ofsécheren.

Net alles wat technesch – medizinesch méiglech ass soll och erlaabt sinn: esou kéint een d’ Gesetzpropositioun fir déi medezinesch Begleedung bei der Befruchtung an engem Saz resuméieren. En Dënschdeg, de 24. Mäerz 2015 huet den Deputéierte Fernand Kartheiser (ADR) dës Propositioun (Proposition de Loi 6797 relative à l’assistance médicale à la procréation) an der Chamber deponéiert.

Déi modern Medezin mécht villes méiglech, wann et drëms geet, Puppelcher ausserhalb vun der „normaler Sexualitéit“ ze schafen. Dës Méiglechkeete werfen eng ganz Réi vun etheschen awer och juristesche Froen op.

Aus enger ganzer Réi vu Grënn muss d’Gesetz an dëser Fro kloer Grenzen zéien: net alles, wat technesch – medizinesch méiglech ass däerf och erlaabt sinn. Wëll och de Gesetzprojet 6568 iwwert d’Recht vun der Filiatioun (projet de loi n° 6568 portant réforme du droit de la filiation) an dëser Fro grouss Kontradiktiounen opweist, huet de Fernand Kartheiser en Propose fir e kloert a däitlecht Gesetz an der Chamber hannerluecht, dat sech ënnert anerem un franséischer an däitscher Legislatiounen inspiréiert.

Et geet an der Propositioun ënner anerem ëm de Schutz vum Kand, géint de Mëssbrauch vun Embryoen an de Verbuet fir Mammen e Kand fir Friemer ausdroen (gestation pour autrui, Leihmütter).

Foto: By Eugene Ermolovich (CRMI) (Own work) [CC BY-SA 3.0

Deel dëse Post: