D’Kierch vu Wäicherdang – zougänglech just fir mobil Leit?

D’Kierch vu Wäicherdang gehéiert zu eisem nationale Patrimoine. Mee ass se iwwerhaapt fir jiddereen zougänglech? D’Alexandra Schoos huet e puer Froen un de Kulturminister.

Fro:

Déi historesch wäertvoll Kierch vu Wäicherdang gouf de 27. Mee 1963 als nationaalt Monument op d’Lëscht vun de klasséierte Monumenter gesat. Si huet a leschter Zäit awer fir Kontroverse gesuergt. Sou gëtt een an engem Lieserbréif, deen den 2. Mäerz 2024 am Luxemburger Wort publizéiert gouf („D’Kiirch zu Wäicherdang“), gewuer, datt déi Kierch fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit net (bzw. net liicht) zougänglech ass. Nieft der Trap ginn als Elementer, déi e Besuch vun dëser Kierch komplizéiert oder onméiglech maachen, nach eng „dreckig bis méi schwartz ewéi wäiss Mauer, wou de Botz nëmmen nach roffällt“ a Splitter mentionéiert, deen um (och denkmalgeschützten) Kierfecht „all Besuch op engem Graf onméiglech micht“. Am Lieserbréif gëtt op d’Efforte vum Gemengerot higewisen, fir déi ganz Situatioun ze änneren. Et wier awer sou, datt den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA, de fréiere Service des Sites et Monuments nationaux) sech géint eng Léisung vum Problem géif entgéintstemmen.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister confirméieren, datt den INPA enger inklusiounsgerechter Ëmgestaltung vum Accès zur Wäicherdanger Kierch an zum dozou gehéierende Kierfecht entgéintsteet? Wa jo, aus wéi enge Grënn? Wann nee, firwat ass d‘Situatioun nach ëmmer sou, datt Persoune mat ageschränkter Mobilitéit net oder kaum an d’Kierch erakommen?
  • Am neien Denkmalschutz-Gesetz gëtt vun „utilité publique“ geschwat, e Krittär, deen noutwenneg ass, fir datt e Gebai geschützt ka ginn. Geet den Här Minister dervun aus, datt en historescht Gebai wéi d‘Kierch vu Wäicherdang dëse Krittär erfëlle kann, soulaang si fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit net zougänglech ass?

Äntwert:

D’Kierch vu Wäicherdang gouf de 27. Mee 1963 als nationaalt Monument geschützt, zesumme mam Kierfecht an der Mauer déi de Kierfecht ëmkreest. D’Kierch, déi op 1729 datéiert ass, steet esou an engem ganz authenteschen, aussergewéinlechen an dofir wäertvollen Ensembel.
Den Haaptaccès geet iwwert eng Sandsteenstrap duerch en historescht an architektonesch wäertvollt stenge Portal dat eng schéin Ornamentik opweist. Een aneren Accès, méi wäit Nord-ëstlech an der Mauer, huet och en authenteschen Encadrement aus Steen. Dës zwou Ëffnunge si natierlech erhalenswäert. Si leeschten e grousse Bäitrag zu der Gestaltung vu Kierch a Kierfecht. All Ännerung an dëse sensibele Beräicher muss absolut noutwenneg a gutt iwwerluecht sinn.
Am Joer 2014 huet d’Gemeng Clierf dem deemolege Service des sites et monuments nationaux (haut Institut national pour le patrimoine architectural – INPA) Proposen ënnerbreet fir den Accès op de Kierfecht a bei d’Kierch barrièrefräi ze maachen.
Zwou Optioune goufen diskutéiert. Leider ware se ze invasiv fir déi sensibel Plaz an hätten déi historesch Substanz massiv gestéiert a verännert.
Zanterhier ass den INPA weider mat der Saach beschäftegt an ass a Kontakt mat der Gemeng fir eng Léisung ze fannen, eventuell eng reversibel Ramp. Eng deementspriechend Demande fir eng Autorisatioun vum Kulturminister ass nach net erakomm.
En „intérêt public” muss erfëllt si wann en Objet ënner Denkmalschutz gestallt gëtt. E Gebai schützen an erhale muss also eng Noutwennegkeet fir d’Gesellschaft sinn. Dofir erlaabt d’Accessibilitéitsgesetz vum 7. Januar 2022 och Derogatiounen, fir dat gebauten Ierwen z’erhalen (Art. 7.) an et also net mussen iwwerall fir all Mënsch accessibel ze maachen. Vun enger „utilité publique” vun engem Denkmal, am Sënn vun engem gréisste Notzen, geet a kengem Gesetz Rieds.
Trotzdeem ass et dem INPA a mir immens wichteg eise Patrimoine, wann et nëmme geet, fir jiddereen zougänglech ze maachen. Dat ass och op ville Plaze scho geschitt. Et muss awer ëmmer am Respekt vun deem geschéien, wat mir esou authentesch wei méiglech fir eis Nokommen erhale wëllen.

Deel dëse Post: