Disziplin an der Schoul

D’Entwécklung vun den disziplinaresche Problemer an de Lycéeë werfe munch Froen op. Fir Kloerheet ze schafen huet d’ADR de Chamberpresident gebieden, den Educatiounsminister an eng Sëtzung vun der Educatiounskommissioun anzelueden. Fir dës Sëtzung beschtméiglechst kënne virzebereeden, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an deem Kontext nach eng parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister geriicht.

Deel dëse Post: