Diskriminatioun vum Lëtzebuergeschen am Centre Neimënster

Et kann ee nëmme staunen, wann een an enger Annonce vum Centre Culturel Neimënster liest, datt ee fir de Poste vum Pressespriecher net méi verflichtend déi Lëtzebuergesch an däitsch Sprooch beherrsche muss. Béid Sprooche gi just na als Atout ugesinn. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet an deem Kontext eng parlamentaresch Fro gestalt, wou hie fir Kloerheet suerge well, wéi an mat wat fir engem Recht an enger Kulturinstitutioun, déi zum gréissten Deel an ëffentlecher Hand ass, dës sproochlech Diskriminatioun méiglech ass.

Deel dëse Post: