Direkten oder indirekten Interessekonflikt bäi Gemengemandatairen – Wei geet et weider?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Viru Kuerzem ass an der Affär ëm e fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng e rechtskräftegt Urteel gesprach ginn. Der concernéierter Persoun gëtt eng „prise illégale d’intérêts“ am Kader vun der Ausübung vun hirem Mandat virgeworf.

Dëst Urteel huet eng Rei vu juristesche Froen opgeworf, besonnesch am Zesummenhang mat der Roll vu Gemengemandatairen an hirer Participatioun un Deliberatiounen a Votten, virun allem a Situatiounen, an deenen e méiglechen direkten oder indirekten Interessekonflikt kéint bestoen.

Och wann d’Gemengegesetz eng Enthalungsflicht virgesäit am Fall vun engem direkten oder indirekte perséinlechen Intressi, geet den Artikel 245 vum Code pénal däitlech méi wäit.

Am uewe genannten Urteel schéngt d’Geriicht eng éischter strikt Interpretatioun vun dëse Flichte virzehuelen, andeems et festhält, datt bestëmmte Participatiounen u kommunalen Entscheedungen als strofrechtlech relevant Infraktioune kënne qualifizéiert ginn – och an deene Fäll, an deenen esou Praktiken an der Vergaangenheet méiglecherweis toleréiert goufen oder éischter als reng deontologesch Problematik ugesi goufen.

An deem Kontext géif ech dem Här Inneminister gär follgend Froe stellen:

  1. Huet d’Regierung no dësem Urteel Instruktiounen, Circulairen oder offiziell Positiounen un d’Gemengen am Land weidergeleet, wat d’Participatioun vu Gemengeréit un Deliberatiounen a Votten ugeet?
  2. Wa jo, wéi eng konkret Richtlinne goufen dobäi festgeluecht, besonnesch fir Situatioune mat méiglechen Interessekonflikter?
  3. Wann nee, ass virgesinn, esou Richtlinnen auszeschaffen? Wa jo, a wéi engem Zäitraum kéint dat geschéien?
  4. Ass geplangt, dat aktuellt Gemengegesetz unzepassen, fir dës Situatioune méi kloer ze encadréieren an de Gemengemandatairen déi néideg rechtlech Sécherheet ze garantéieren?
  5. Sinn der Regierung zënter dem Urteel an der Affär ëm e fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng weider Fäll gemellt ginn, déi ënnert d’Bestëmmunge vun der „prise illégale d’intérêts“ kéinte falen?

Mat déiwem Respekt,

Alexandra Schoos

Deputéiert

Deel dëse Post: