Vill Verwaltungvirgäng kënnen haut just nach iwwert den elektronesche Wee ofgewéckelt ginn. An deem Kontext bretzt sech d’Regierung domat, Pabeier anzespueren! Mee wien denkt iwwerhaapt un eiser eeler a sozial méi schwaach Matbierger, déi net kënnen um digitale Liewen deelhuelen? Mat enger parlamentarescher Fro maachen de Fraktiounspresident Fernand Kartheiser an den Nord-Deputéierte Jeff Engelen Drock op d’Regierung, datt si endlech agesi muss, och deene Leit entgéint ze kommen.