Den Dan Hardy mécht sech staark a leet de Fanger an d’Wonn. Hei déi betreffend parlamentaresch Fro:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.
Well de Staat Aktionär a sëllege Sociétés anonymes ass, setzen deemno och Staatsbeamten do an de Verwaltungsréit. An der Äntwert op d’Fro N°139 vum honorabelen Deputéierte Ben Polidori schreift den Här Premierminister Follgendes:
“De Regierungsrot decidéiert, aus praktesche Grënn, dass d’Tantiemen direkt un déi betraffe staatlech Vertrieder am Verwaltungsrot vun der betreffender Firma ausbezuelt ginn, ouni virdrun nach iwwert de Staatsbudget ze transitéieren.”
Dëst verwonnert dach awer, well dat ofgeännert Gesetz vum 25te Juli 1990 concernant le statut des administrateurs représentant l’État ou une personne morale de droit public dans une société anonyme virgesäit, datt d’Suen, déi dës Beamte kréien, un de Staat mussen ausbezuelt ginn, ier de Regierungsrot vu Fall zu Fall entscheet, wéi vill vun dëse Suen un de Beamten ausbezuelt ginn.
Et besteet deemno de Verdacht, datt elo scho säit Joerzéngten e Verfaren applizéiert gëtt, wat diametral géint d’Gesetz geet.
Och d’”Droits de l’humanité, éthique Asbl” huet a sëllege Bréiwer – ë.a. un d’Inspection générale des finances, d’Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF), d’Cellule de renseignement financier – op dës eventuell Mëssstänn higewisen, ouni awer, datt Konsequenze gezu goufen.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Premierminister:
-
- Wien huet iwwert all déi Joren d’Decisioun geholl, datt d’Tantiemen net zeréckbezuelt musse ginn?
- Kann den Här Minister opschlësselen, wéi eng Regierungsmembere jeeweils dës Decisioun am Regierungsrot geholl hunn a wéi eng Fonctionnaire vun de verschiddene betraffene Ministère gehollef hunn, fir datt dës Decisioun konnt zustane kommen?
- Kann den Här Premierminister präziséieren, wou sech déi legal Basis erëmfënnt, déi beseet, datt de Staat op d’Suen, déi un d’Beamten, déi an de Verwaltungsréit sëtzen, ausbezuelt ginn, verzichten däerf? Wou sinn déi schrëftlech Pièce vun där Decisioun?
- Am Fall, wou et heifir keng gesetzlech Basis gëtt: Wat gëtt elo vu Säite vun der Regierung ënnerholl, fir déi Suen, déi de Staat iwwert all déi Joren net agedriwwen huet an déi jo dann illegal zeréckbehale goufen, nees anzedreiwen?
- Kann den Här Minister präziséieren, wéi héich d’Zomm ze bezifferen ass vun de Suen, déi dem Staat verluer gaange sinn, well d’Beamten hir Tantiemen, déi d’Verwaltungsréit hinne bezuelen, net ewéi gesetzlech virgesinn, un de Staat zeréckbezuelen?
- D’Majoritéit vun de Beamten an de Verwaltungsréit kommen a koumen aus dem Büro vum Premierminister, vum Finanzministère, vum Ekonomie- an Transportministère, awer och aus verschiddenen Administratiounen an der Steierverwaltung: Kann den Här Premierminister ausschléissen, datt dat eventuellt Net-Anhale vum Gesetz net zum Virdeel vu Beamte war, déi der Regierung no stinn? Sinn dës Beamte Stand haut eventuell an internationale Gremie vertrueden?
- Hätt an den Ae vum Här Premierminister net d’Bankenopsiicht missen agräifen, fir déi un d’Beamten ausbezuelten Zommen am Numm vum Staat zeréckzefuerderen?
- Wéi eng Roll huet d’Bankenopsiicht hei allgemeng gespillt, déi jo iwwert 30 Joer d’Opsiicht iwwert dee genannten Dossier hat? Huet d’Bankenopsiicht, respektiv déi vun deenen Transaktioune concernéiert Banken, sech iwwert déi ganz Jore beim Parquet gemellt, fir op eventuell Mëssstänn hinzeweisen, ë.a. op soupçon de blanchiment? Wéi eng Roll huet an deem Zesummenhang d’Cour des comptes gespillt?
- Ginn et an deem Zesummenhang Noweiser, respektiv Piècen, déi de Banken an/oder der Bankenopsiicht zougestallt goufen, datt si déi entspriechend Zommen net sollen zeréckfuerderen an, wa jo, wou sinn dës Piècen?
- Handelt et sech an den Ae vum Här Premierminister bei där uewe genannter Affär, wou eventuell iwwer Joerzéngten dat betreffend Gesetz net respektéiert gouf an domat de Staat op héich Zomme verzicht huet, déi him zoustinn, net ëm e Fall vu passiver Korruptioun vu Beamten, déi jo awer ganz wichteg Fonctioune wouerhuelen?
- All staatlech finanziell Entrée a Sortie muss iwwert de Staatsbudget goen. Et ass an eise Aen allerdéngs net ersiichtlech, wou déi uewe beschriwwen Zommen am Staatsbudget verbucht goufen. Dohier besteet an eisen Aen och de Verdacht, datt et substantiell Lacunen am Staatsbudget ginn. An deem Zesummenhang wéilt ech froen, ob et sech hei – am Fall wou et gesetzlech Lacunen ginn – ëm e cas unique handelt oder ob et nach aner Elementer am Staatsbudget ginn, déi eis aus Facilitéitsgrënn virenthale ginn?
Mat déiwem Respekt,
Dan Hardy
Deputéierten