Der CNEL hir Entrevue mat der ADR

D’Schülerkonferenz (CNEL) ass iwwerzeegt, datt d’Schoulen nach net bereet sinn, fir sou eng déifgräifend Reform, wéi se an de Lycéeë stattfanne soll. D’CNEL ass ganz aktiv a sicht Kommunikatiounspartner an de Wee an d’Ëffentlechkeet, fir op déi Situatioun opmierksam ze maachen. E Méindeg, den 12. Juni huet d’CNEL an enger Entrevue mat der ADR – vertrueden duerch Dr. Jean Schoos, Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser – iwwert hir Bedenken zum Projet de loi 7074, hir Iddien an och hir Fuerderungen diskutéiert.

Et goufe vill Punkte beschwat, ënnert anerem d’Upassen an d’Moderniséiere vun de Schoulprogrammer a Léiermaterialien, d’Iddi vun der Schoulautonomie, den Appui an d’Encadrement vun de Schüler an d’Entwécklung vun de Schoulen. E weidere Punkt, deen der CNEL wichteg ass, stellt d’Orientéierung vun de Schüler duer.

D’CNEL ass ganz kloer fir eng méi oppen a partizipativ Schoul, wou den Elterekomitee a virun allem awer d’Schülerstëmm gestäerkt ginn. Et soll eng reell demokratesch Schoulkultur geschaf ginn, an dat funktionéiert trotz aktuell existéierende Strukuren net, well dës einfach net déi néideg Ënnertstëtzung, Ressourcen an Unerkennung kréien, fir datt et zu enger wierklecher Ëmsetzung komme kéint. Hir Proposen a Bedenke goufen ausféierlech an engem schrëftlechen Dokument ausgeschafft.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet am Zesummenhang mat dëser Entrevue eng parlamentaresch Fro gestallt. Dobäi geet et ëm d’Unerkennen an d’Opwäerte vum Schüler sengem Engagement an ëm d’Transparenz an d’Norméierung vum Budget fir d’Schülerkomiteeën.

 

Deel dëse Post: