Den Tram wäert d’Stad an zwee splécken!

Den Tram kritt Virfaart vis-à-vis vun de Foussgänger. Esou steet et an engem Pabeier, deen den Deputéierten e Freideg virgestallt gëtt. Doraus geet ervir, datt d’Foussgänger, um Tracé vum Tram, net méi esou einfach vun enger Säit vun der Strooss op déi aner kommen. D’Stad risquéiert, an zwee gespléckt ze ginn.

Et ginn, do wou d’Schinne spéider leie sollen, speziell Iwwergäng (op Franséisch: „gué“) ageriicht. D’Foussgängerpassage verschwannen.: do hätt nämlech, nom allgemenge Prinzip, de Foussgänger Prioritéit. Well den Tram mat enger maximaler Vitesse vu 50 KM/H an der Stad däerf fueren, a well e vill méi e laange Bremswee ewéi e Bus huet, mussen d’Leit waarde wann en Tram kënnt. Op den Iwwergäng fir d’Foussgänger ginn dowéinst rout Luuchten opgestallt. Déi hunn eng duebel rout Luucht, dofir awer kéng Gréng. De Foussgänger däerf nëmmen dann iwwert d’Schinnen, wann d’Luuchten aus sinn. A wéi gesot, nëmmen op deene Plazen, wou esou e speziellen Iwwergang agezeechent ass.

Och d’Awunner, déi en Accès niewent den Tramsschinnen hunn, z.B. fir an eng Garage eran an eraus ze kommen, mussen sech de Luuchten no riichten: dës sinn da rout oder orange.
Onnéideg ze betounen, datt den Tram och vis-à-vis vun den anere Gefierer prinzipiell Prioritéit huet. D’Pläng vun der Stäreplaz, déi am Ament an der Gemeng ophänken, ginn en Abléck doranner, wéi de Verkéierschaos, wann net de Verkéierskollaps, wäert ausgesinn.

D’ADR Stad bedauert eemol méi, datt ouni d’Leit iwwert Referendum ze froen, Tatsaache geschafe gi sinn. Et ass awer nach Zäit, den Tram do ze notzen, wou en e bësse Sënn kéint maachen: zum Beispill d’Leit vu baussen (z.B. vum „Park an Ride“ um Heihenhaff beim Cargocenter) iwwert de Kierchbierg ze transportéieren, mam Terminus op der Rouder Bréck. Bannen der Stad ass den Tram kéng Léisung! Wéi sot d’Madame Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg eemol: „Keen Zuch duerch d’Stad“.

Pressematdeelung Sektioun ADR-Stad vum 26. Oktober 2016

(Illustratioun: commune de Besançon)

Deel dëse Post: