Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.
A wat gouf dann a Länner wéi Griicheland, Portugal, Spuenien an esou weider vun der EU verlaangt? Sozialofbau an nach méi Sozialofbau! Vu Beschäftegung a Wuesstem keng Spuer, mä dofir massiv Aarbechtslosegkeet an deementspriechend och keng Perspektive fir déi Jonk. Dozou kommen nach Loun- a Rentekierzungen, an zwar net bei deenen, déi vill kréien, mä och a virun allem bei deenen, déi souwisou net vill haten a wahrscheinlech ni wäerten hunn. D’EU ass scho laang net méi sozial, an et wier illusoresch ze gleewen, datt si et an hirer aktueller Form nach kéint ginn.
D’ADR ass prinzipiell der Iwwerzeegung, datt et am Interessi vum Euro a vu Griicheland wier, wa Griicheland géif den Euroraum verloossen. Et soll een och net d’Iddi ausschléisse vun enger Eurozon mat nëmmen deene Länner, déi och ekonomesch amstand wieren, e stabilen Euro ze garantéieren. Déi aner Länner, a virun allem Griicheland, misste finanziell Ënnerstëtzung kréie fir aus der Eurozon auszetrieden.
Et gëtt ëmmer nees behaapt, esou en Austrëtt, deen a priori virun allem fir Griicheland a Fro kënnt, hätt néfaste Konsequenze fir d’Leit, déi an deem Land liewen. D’Wouerecht ass: Well den Euro net kann an deene Länner ofgewäert ginn, ass et zu enger interner Ofwäertung komm, dat heescht d’Léin sinn drastesch reduzéiert ginn. Ob dat fir déi concernéiert Bierger méi positiv ass wéi d’Konsequenze vun engem Austrëtt aus der Eurozon, dat sief dohigestallt.
D’Finanz- a Scholdekris gëtt mëssbraucht, fir méi Souveränitéitsrechter un d’EU ofzeginn. D’EU huet schonns genuch Kontrollrechter opgrond vum Traité vu Maastricht gehat, mä d’Dispositiounen, déi do virgesi sinn, gi permanent violéiert. Déi eng Staats- a Regierungscheffen hunn deenen aneren d’Absolutioun ginn, fir sech net un déi Kritären ze halen, déi deemols festgeluecht goufen. D’Stabilitéitsinstrumenter fir esou eng Kris ze verhënnere waren do, mä goufe just net agehalen. An haut verlaangen d’Vertrieder vun engem onsozialen an ondemokrateschen Europa, well si sech ni un d’Reegele gehalen hunn, well si hir Aarbecht net gemaach hunn, nach méi Rechter an nach méi Muecht!
Eng Rei Memberlänner sinn eben net kompetitiv genuch fir kënnen an enger Währungsunioun matzemaachen. An eng méi staark EU-Commissioun, respektiv e méi staarkt Europaparlament géifen näischt un där Situatioun änneren!
Euro-Rettungsschierm: eng Chronologie
Am Ufank vun der griichescher Staatsscholdekris accordéiert Lëtzebuerg deem Land e bilaterale Prêt an Héicht vun 206 Milliounen Euro.
Am Juli 2010 stëmmt d‘Chamber e Gesetz fir der Regierung ze erméiglechen, dem Fonds européen de stabilité financière (EFSF) eng Staatsgarantie vun 1,15 Milliarden Euro ze accordéieren. Ee Joer méi spéit gëtt dee Montant op 2 Milliarden Euro erhéicht!
Zu de Länner, déi op dee Fong zeréckgegraff hunn, gehéieren
– Griicheland: 144,6 Milliarden Euro accordéiert, vun deenen der schonns 133,6 Milliarden ausbezuelt goufen
– Irland: 17,7 Milliarden Euro accordéiert an ausbezuelt
– Portugal: 26 Milliarden Euro accordéiert, vun deenen der 24,8 Milliarden ausbezuelt goufen
Enn 2010 gëtt zesumme mam Staatsbudget eng Dispositoun gestëmmt, duerch déi de Lëtzebuerger Staat däerf dem Internationale Währungsfong bis zu 1,1 Milliarden Euro léinen.
Am Juni 2012 stëmmt d‘Chamber den Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM). D‘Participatioun vu Lëtzebuerg um Kapital vum ESM beleeft sech op net manner wéi 1,75 Milliarden Euro. Vun där Zomm waren 200 Milliounen direkt ze buezuelen.
Et hu schonns zwee Länner vun deem Instrument profitéiert:
– Spuenien mat 41,4 Milliarden Euro
– Zypern mat 9 Milliarden Euro
Am Februar 2014 huet d‘Chamber der Regierung d‘Méiglechkeet ginn, dem Internationale Währungsfong bis zu 2 Milliarden Euro ze léinen.