Den Autofuerer: D’Mëllechkou vun der Natioun!

CO2-Steier, Erhéjung vun den Accisen… geet nach net duer! D’Regierung huet sech elo eppes Neies afaale gelooss, fir den Autofuerer ofzezocken: Ab dem 1. Mäerz ginn nei Autoe just nach dann zougelooss, wenn d’Emissiounen an de Verbrauch nom sougenannte WLTP-Verfueren (Worldwide harmonized Light vehicles Test Procedure) gemooss ginn. Dëst wäert zur Konsequenz hunn, datt d’Schuedstoff-Berechnung ëm bis zu 25 Prozent méi héich ausfale kann. Den Automobilclub geet dovun aus, datt dëst mat Méikäschte vu bis zu 200 Euro pro Joer fir de Besëtzer vun engem Auto verbonne wäert sinn. Fir den Nord-Deputéierte Jeff Engelen ass dat inakzeptabel!

Deel dëse Post: