Demissioun vun der Generalsekretärin

D’ADR hëlt zur Kenntnis, datt d’Liliana Miranda als Generalsekretärin, als Member vun der Partei an als Fraktiounssekretärin mat Effet immédiat demissionéiert huet.

D’ADR bedauert de Verloscht vun engem Mataarbechter. D’Madame Miranda huet wäertvoll Aarbecht geleescht, en et goufen och keng Divergenzen um politeschem Plang. Als Generalsekretärin a Kandidatin huet se e groussen Deel zur Orientéierung an zur Ëffentlechkeetsaarbecht bei den Europawale bäigedroen, wou d’ADR als Partei hiert Resultat konnt verbesseren.

D’ADR bedauert, datt zum Deel perséinlech Attacke géint Membere vun der Partei erugezu gi sinn, fir dës Demissioun ze begrënnen. Aner Kritiken bezéien sech direkt op hiren eegene Kompetenzberäich als Generalsekretärin, an et huet leider och un Teamkompetenz gefeelt.

Am vollem Respekt vun de Statute wäerten d’Parteigremien iwwert d’Neibesetzung vum Poste vum Generalsekretär beschléissen.

Jean Schoos

President vun der ADR

(Pressematdeelung vum 18. Juni 2014)

Deel dëse Post: