Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Jeff Engelen.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.
Den “Subside de base” an den ‘’Subside Qualité+” si geduecht fir Sportveräiner, déi bei enger agreéierter Sportfederatioun affiliéiert sinn.
An senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nr. 1673 huet den Här Sportminister gesot, datt 401 Veräiner den “Subside Qualité+” fir d’Joer 2024 ugefrot haten.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Sportminister eis matdeelen, wéi d’Tendenz fir d’Joer 2025 ausgesäit?
- Wéi vill auslännesch Veräiner, déi bei engem Lëtzebuerger Sportverband affiliéiert sinn, hunn déi Subsiden ugefrot?