Dem Schoulminister seng Dialogbereetschaft alt nees an der Kritik

Verschidde Personalvertriedungen aus dem schoulesche Beräich, déi fir d’psycho-sozial Beruffer an d’Educateure do sinn, hunn en extrem onzefriddenen oppene Bréif un de Schoulminister publizéiert. Hir Haaptkritik gëlt der Dialogbereetschaft, déi ze fele schéingt, wann et drëm geet, Reformen ëmzesetzen oder Moossnamen ze huelen, déi dës Beruffsgruppen direkt betreffen. De Fred Keup probéiert, an enger parlamentarescher Fro, Äntwerten ze kréien op déi Haaptkritikpunkten vun de Gewerkschaften. Dës hunn an engem oppene Bréif hirem Ierger Loft gemaach.

Deel dëse Post: