Dem Patient entgéintkommen

D’ADR huet sech den 30. Juli mat der Patientevertriedung getraff. Et war een a ville Punkten enger Meenung, esou z.B. beim dréngend noutwennegen Ausbau vun de medezineschen Infrastrukturen. Souwuel d’Reformpartei, wéi och d’Patientevertriedung fuerdere schonns zanter laangem eng Maison médicale och fir den Osten. Et war een sech eens, datt et eng onzoumuttbar Situatioun ass, datt d’Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg, jee no Regioun, net konstant an optimal ka garantéiert ginn. Eng weider Fuerderung vun der Patientevertriedung ass d’Aféiere vun enger sougenannter “Liewensmëttel-Ampel”: Op Produiten am Supermarché solle wichteg Nährwert-Ugaben (z.B. Salz-, Zocker- a Fettgehalt)  op den éischte Bléck duerch eng eendeiteg Faarfmarkéierung siichtbar ginn.

D’Patientevertriedung war vertrueden  duerch hire President, René Pizzaferri, duerch de Georges Clees, Chargé de communication, an duerch d’Michèle Wennmacher, Psychologin a Chargé de direction.

Deel dëse Post: