Déi Gréng fannen et gutt, datt d’Annonce net méi op Lëtzebuergesch sinn

D’Annoncen um Findel waren ëmmer och op Lëtzebuergesch. Dat ass elo net méi de Fall – an déi Gréng begréissen dëst a fannen et ganz gutt. An iwwerhaapt wär et ze deier, d’Annonce nach op Lëtzebuergesch ze schalten. Fir onsënneg ideologesch Regierungsprojeten si Milliounen do, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen, ass all Su ze deier – eng Gemengheet! A wat bedeit dat fir déi Leit, déi déi aner Sproochen net gutt beherrschen, besonnesch wou d’Annoncen oft schonn akkustesch schwéier ze verstoe sinn. A wier et net grad um Findel, enger Plaz vu sou enger diverser internationaler Begéinung wichteg, eis Sprooch als wichteg Kulturgutt héichzehalen?

 

Deel dëse Post: