Déi dräi éischt Kandidatelëschte sinn deponéiert!

D’ADR kënnt gutt mat de Virbereedunge fir d’Wale virun. E Méindeg, den 19. August, sinn déi dräi éischt Kandidatelëschte virschrëftsméisseg op de Geriichter deponéiert ginn: dëst an de Bezierker Zentrum, Norden an Osten. Fir den 20. August steet den Depot vun der ADR-Lëscht fir de Süden um Programm. Den Exekutivkomitee, d’Sekretariat an den Aarbechtsgrupp Walprogramm sinn äifreg um Schaffen: zesumme mat de Kandidaten deit alles op eng gutt Walcampagne hin. 

Deel dëse Post: