De Versécherungssekteur mat Suergen

print

Am Kader vun hiren Entrevuen huet d’ADR den 2. Mee d’ACA (Association des Compagnies d’Assurance et de réassurance) empfaang. De Sekteur ass iwwer 7.000 Aarbechtsplaz schwéier a bezillt bal 400 Millioune Steieren d’Joer. De Gros vun de Geschäfter sinn international. Mee Suerge gëtt et esou wuel um Lëtzebuerger Marché wéi och an den internationale Relatiounen. D’Versécherungsgesellschafte vermëssen z. B. déi Reaktivitéit, déi Lëtzebuerg ëmmer ausgezeechent huet. Well eis d’Land séier reagéiert an nei Reglementer ugeholl huet, hu sech vill Geschäftsméiglechkeeten opgemaach. De Kompetitivitéitsvirdeel ass wéinst Iwwerlaaschte vun de betraffene Regierungsservicer um Verschwannen. D’Schafe vun engem eegene Ministär fir d’Finanzplaz ass dann och ee vun deene frappanteste Virschléi vun der ACA. Mee et war beileiwen net hirt eenzegt Uleies. D’Vereenegung war vertrueden duerch hire President Christian Strasser an hiren Administrateur-délégué Marc Hengen, am Gespréich mam Jean Schoos, Gast Gibéryen a Roy Reding.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.