RGTR: De Staat fiert schwaarz …

D’Hallschent vun der Rechnung konnt den Transportminister net bezuelen: Am Zuch oder am Bus wär esou de Billjee e Krack méi deier ginn, well eng Strof derbäi komm wär. An tatsächlech betrëfft d’Rechnung d’Lëtzebuerger Busbedreiwer am Kader vum ëffentlechen Transport RGTR. De Ministär hätt onerwaart héich Ausgabe beim Schantjen Aldringen a bei Esch-Belval gehat, sou stoung an engem Kommunikee. An mat der Prozedur vum Depassement, wär viru Mäerz oder Abrëll net mat Suen ze rechnen. De Gast Gibéryen huet dorops eng parlamentaresch Fro gestallt: Hie wëllt ënner anerem wëssen, op mat der Prozedur net ze laang gewaart ginn ass a firwat d’Käschten um Aldringen an zu Belval explodéiert sinn.

A senger Äntwert gëtt den Transportminister zou, datt um Enn vum Joer 5,4 Milliounen am Budget gefeelt hunn, fir d’Betriber déi d’Busse fir en RGTR stëllen ze bezuelen! D’Iwwerweisung fir d’Gelder, déi am Dezember fälleg waren, ass de 17. Februar ënnerschriwwe ginn.

Deel dëse Post: