De Site vun der Réimervilla zu Schieren ass eng archeologesch wäertvoll Plaz am Land. De Fred Keup an d’Alexandra Schoos sinn der Meenung, datt onbedéngt an dréngend e konkrete Projet fir eng nohalteg Valorisatioun vun dësem Site ausgeschafft gi muss. Wat seet dozou de Kulturminister?
Fro:
An der Äntwert vun der deemoleger Kulturministesch, der honorabeler Deputéiert Sam Tanson, op d‘parlamentaresch Fro n°5393 vum 15. Dezember 2021 vum honorabelen Deputéierten André Bauler heescht et am Hibléck op de Site vun der Réimervilla zu Schieren, eng archeologesch eminent wäertvoll Plaz am Land:“Et läit den Ament nach kee konkrete Projet um Dësch fir eng nohalteg Valorisatioun vum Site.”
Dofir wollte mir dem Här Kulturminister follgend Froe stellen:
- Läit mëttlerweil e konkrete Projet um Dësch fir eng nohalteg Valorisatioun vum Site vun der Réimervilla zu Schieren?
- Wa jo: Wat sinn déi verschidden Etappe vun dësem Projet?
- Wann nee: Firwat läit bis elo kee konkrete Projet vir? Wéini ka mat engem konkrete Projet gerechent ginn?
(Foto Copyright: Wikipedia Déi fräi Enzyklopädie)