De Roy Reding reagéiert op d’Virwërf géint seng Persoun

Säit de Roy Reding sech no der Pressekonferenz vun der Regierung vum 29. November als Volleksvertrieder mat däitleche Wierder schützend virun all déi betraffe Leit gestallt huet, déi sech net wëlle géint de COVID-19 impfe loossen, gëtt souwuel vu Säite vum politesche Géigner, wéi och vun der Press eng Haass- an Hetzcampagne an engem nach ni gekannten Ausmooss géint hier gefuer.

De 7. Dezember krut hien dunn endlech d’Méiglechkeet, op der Chamberstribün selwer ëffentlech Stellung zu dëse Virgäng ze huelen. Hie stellt kloer: Ech hunn aus Empathie géigeniwwer de betraffene Leit gehandelt.

De Roy Reding gëtt awer och zou: Jo, ech hunn och selwer Feeler gemaach.

Iwwerdeems riicht hien als Patron e klore Message un d’Gewerkschaften: Loosst Är Memberen an dëse schwéieren Zäiten net am Stach!

Et bleift just ze hoffen, datt d’Regierung sech un dëser staatsmännescher Reaktioun e Beispill hëlt an deene vun hir selwer verursaachte, massive gesellschaftleche Spannungen an Zukunft mat enger wäit méi ëmsichteger Kommunikatioun wéi bis ewell, entgéint wierkt.

Deel dëse Post: