De Räichtum ass hei am Land ongerecht verdeelt

Ëmmer méi Leit falen hei am Land ënnert d’Aarmutsgrenz. Dat huet de Gast Gibéryen bei enger Diskussioun iwwer deen Thema, den 31. Mee, an der Chamber festgestallt. Besonnesch grouss ass de Risiko bei allengerzéiende Mammen, awer och bei auslännesche Matbierger an an Zukunft bei Flüchtlingen, huet den ADR-Deputéierte gesot. Gutt oppasse misst een och bei eelere Leit a besonnesch bei Wittfraen.
De Gast Gibéryen huet ënnerstrach, datt de Wuesstem keng Léisung ass, well trotzdeem d’Situatioun ëmmer méi schlëmm gëtt. An de Wuesstem ass leschten Enns schold un engem wichtegen Aarmutsfaktor, den héige Wunnengspräisser. Aner Uursaachen huet de Gast Gibéryen och genannt: d’TVA-Erhéigung, déi déi Aarm haart trëfft, eng onsozial Steierreform, déi Leit, déi gutt verdéngen, méi Sue bréngt, wéi deenen, déi et wierklech néideg hunn, an d’Explosioun vun de Käschten an de Gemengen.

Deel dëse Post: