De Pefferkär: Stramme Wuesstem an nei Scholden

Wéi e Lëtzebuerg wëlle mer? Dës Fro gëtt am Pefferkär opgeworf, deen e Samschdeg, den 28. Mee am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf. De stramme Wirtschaftswuesstem, op deen d’Gambia-Regierung setzt, generéiert net genuch Steierrecetten, fir seng eegen Nofolgekäschten ze decken.

D’Fro misst um Zukunftsdësch gekläert ginn: deen ass awer net vun de Regierungsparteie gewëschten, och net méi vun de Gréngen, déi haut fläisseg Beem ofseeën a Gréngzonen zoubetonéierten.

„Ass de Wuesstem d‘Léisung vum Problem, oder ass et de Problem“, huet de Gast Gibéryen an der Chamber gefrot. D‘ADR wëll eng besser Zukunft fir dëst Land, an ass bereet, hir Léisungen zu dëse Froe virzestellen a mat an déi politesch Diskussioun afléissen ze loossen.

An engem weideren Artikel ginn d’Suerge vun de Baueren ugeschnidden, mat der Feststellung: Och de bëllege Präis huet e Präis, an deen ass net bëlleg.

Deel dëse Post: