De Luedprozess vun den Elektrobusser iwwer Pantograph

De Jeff Engelen an den Tom Weidig suerge gären dofir dat néideg Klärunge virgeholl ginn.
Eng “Question parlementaire” geet der Saach gären op de Grond

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister an un d’Madamm Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Am Zesummenhang mat der Elektromobilitéit an de Luedstatiounen iwwer Pantograph fir Busser sinn eis verschidden Informatiounen zu Ouere komm, déi eng Rei Froen opwerfen.

Virum Start vum Luedprozess muss de Buschauffer 15 bis 30 Minutte waarden,
well den Apparat oft Feelermeldungen uweist, ier dat eigentlecht Lueden ufänkt.
Wärend dem Luede muss och ëmmer een do sinn, fir dat Ganzt ze iwwerwaachen,
well de Luedprozess sech vum selwen ënnerbrieche kann.

Dobäi muss een och bedenken, datt de Buschauffer de Kontaktschlëssel am Schlass loosse
muss, fir d’Lueden iwwerhaapt ze erméiglechen. D’Buschauffere mussen also do sinn an
op hire Bus oppassen an de ganze Prozess iwwerwaachen.

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt een am Kontext vum Luede vu Busser net vun enger Paus vun de Buschauffere schwätze kann?
  2. Misst déi Zäit, déi de Buschauffer brauch, fir de Luedprozess ze iwwerwaachen, net och voll oder zum Deel bezuelt ginn?
  3. Wéi gëtt dës Fro aktuell am ëffentlechen Déngscht gereegelt?
  4. Huet de Privatsecteur eng spezifesch Reegelung? Wa jo, ënnerscheeden sech d’Reegelungen am ëffentlechen an am Privatsecteur vuneneen?
  5. Ass d’Regierung an dësem Zesummenhang schonns mat Reklamatioune konfrontéiert ginn?

 

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen                                                                                             Tom Weidig
Deputéierten                                                                                           Deputéierten

Deel dëse Post: